Félix Eischen mat 97,5 % gewielt

Den 29. Februar war de Bezierkskongress vun der CSV Süden. Iwwer 240 Delegéiert haten de Wee op Déifferdeng fonnt. Dëse Kongress, dee vum Christine Doerner geleet gouf, stoung am Zeeche vum erneierten CSV-Grondsazprogramm. D’Deputéiert Françoise Hetto-Gaasch a Serge Wilmes waren op Déifferdeng komm fir den Delegéierten d’Schaffe vum Aarbechtsgrupp an de Projet fir déi nei Versioun vum Grondsazprogramm virzestellen. De Serge Hoffmann, Member vum Aarbechtsgrupp fir CSV Süden, huet d’Amendementer vum Bezierkscomité presentéiert. Alleguer d’Amendementer si vun den Delegéierten ugeholl ginn.

Nom Ofstëmme vun der Resolutioun hunn den CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet, de Fraktiounschef Claude Wiseler an de Parteipresident Marc Spautz mat hire Messagen déi Delegéiert op d’Aarbecht vun den nächste Méint agestëmmt an e Réckbléck op déi geleeschten Aarbecht am vergaangene Joer geheit. Fotoe vum Kongress fannt dir hei.

Nieft der Kongress-Resolutioun stoungen och nach d’Wahle vun engem neie Bezierkspresident an engem neie Comité op der Agenda. De Félix Eischen war eenzege Kandidat a gouf vun den Delegéierte mat 97,5 % zum alen neie Bezierspresident gewielt. Hie krut 236 vun 239 gültege Stëmmen.

De Bezierkscomité vun den nächsten 2 Joer setzt sech aus dësen 12 Gewielten zesummen:

Jean-Marie Wirth (218 vun 242 méigleche Stëmmen)

Guy Kohnen (208 Stëmmen)

Georges Mischo (206)

Nathalie Morgenthaler (206)

Lydia Bintener (204)

Serge Hoffmann (202)

Marianne Pesch-Dondelinger (199)

Annette Kemp-Klemann (176)

Mariette Bemtgen-Nickels (175)

Pino Scalise (162)

Pierrot Feiereisen (159)

Luc Klonski (110 Stëmmen)

Hannerloosst eng Äntwert

  • (gëtt net verëffentlecht)