OP DE PUNKT 04/2017

Den éischten “Op de Punkt” am neie Layout. An der Editioun vum Abrëll 2017 fannt dir News aus der Partei, Detailer iwwer d’Gemengewahlcampagne vun der CSV a Messagë vun der CSJ an CSV Süden an CSV Esch/Uelzecht.

  • En Ausbléck vum CSV-Parteipresident Marc Spautz
  • E Message vum Bezierkspresident Felix Eischen a vum Georges Mischo (President CSV Esch)
  • En Opruff vun der CSJ Süden
  • Eng Erklärung zur Gemengewahlcampagne vum CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet

 

Gutt Lecture

Op de Punkt Abrëll17

Bezierkskongress zu Kéintzeg

Den 13. Februar hat d’CSV Süden seng Bezierksdelegéiert op de Bezierkskongress zu Kéintzeg an der Gemeng Käerjeng invitéiert an iwwer 240 Leit sinn dëser Invitatioun nokomm. De Festsall an der Kéintzeger Schoul war bis op déi lescht Plaz gefëllt. Nieft de Rapporten vun CSV, CSF an CSJ Süden an dem Keesserapport hunn de Bezierkspresident Felix Eischen an de Generalsekretär Laurent Zeimet déi present Memberen op déi bevirstoend Gemengewahlen am Oktober ageschwuer. De Parteipresident Marc Spautz an de Fraktiounschef Claude Wiseler sinn op déi aktuell politesch Situatioun agaangen an hunn d’Regierung an d’Mangel geholl.

 

D’Fotoe vum Bezierkskongress kënnt dir iech ënnert dësem Link ukucken.

CSV am Süden mat 9 Sëtz

D’Tageblatt huet nees mat TNS Ilres d’Leit no hirer Meenung gefrot, wéieng Partei si bei den nächste Wahle wiele géifen. D’Resultat vun der CSV am Süden ka sech weise loossen.

 

20160613190435_00001 20160613190504_00001

Félix Eischen mat 97,5 % gewielt

Den 29. Februar war de Bezierkskongress vun der CSV Süden. Iwwer 240 Delegéiert haten de Wee op Déifferdeng fonnt. Dëse Kongress, dee vum Christine Doerner geleet gouf, stoung am Zeeche vum erneierten CSV-Grondsazprogramm. D’Deputéiert Françoise Hetto-Gaasch a Serge Wilmes waren op Déifferdeng komm fir den Delegéierten d’Schaffe vum Aarbechtsgrupp an de Projet fir déi nei Versioun vum Grondsazprogramm virzestellen. De Serge Hoffmann, Member vum Aarbechtsgrupp fir CSV Süden, huet d’Amendementer vum Bezierkscomité presentéiert. Alleguer d’Amendementer si vun den Delegéierten ugeholl ginn.

Nom Ofstëmme vun der Resolutioun hunn den CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet, de Fraktiounschef Claude Wiseler an de Parteipresident Marc Spautz mat hire Messagen déi Delegéiert op d’Aarbecht vun den nächste Méint agestëmmt an e Réckbléck op déi geleeschten Aarbecht am vergaangene Joer geheit. Fotoe vum Kongress fannt dir hei.

Nieft der Kongress-Resolutioun stoungen och nach d’Wahle vun engem neie Bezierkspresident an engem neie Comité op der Agenda. De Félix Eischen war eenzege Kandidat a gouf vun den Delegéierte mat 97,5 % zum alen neie Bezierspresident gewielt. Hie krut 236 vun 239 gültege Stëmmen.

De Bezierkscomité vun den nächsten 2 Joer setzt sech aus dësen 12 Gewielten zesummen:

Jean-Marie Wirth (218 vun 242 méigleche Stëmmen)

Guy Kohnen (208 Stëmmen)

Georges Mischo (206)

Nathalie Morgenthaler (206)

Lydia Bintener (204)

Serge Hoffmann (202)

Marianne Pesch-Dondelinger (199)

Annette Kemp-Klemann (176)

Mariette Bemtgen-Nickels (175)

Pino Scalise (162)

Pierrot Feiereisen (159)

Luc Klonski (110 Stëmmen)

Pressecommuniqué vun der CSV Schëffleng

Umnutzung des ArcelorMittal-Geländes in Schifflingen: Eine Chance für die Region

Das ArcelorMittal-Werk in Schifflingen wird endgültig geschlossen, nachdem seit 2011 auf dem Gelände nicht mehr produziert wurde.
Die CSV Schifflingen bedauert, dass somit der Schlussstrich unter ein wichtiges Kapitel der luxemburgischen Industriegeschichte gezogen wird. Das Produktionsgelände in Schifflingen war das älteste Werk der früheren Arbed.
Gleichzeitig unterstreicht die CSV Schifflingen, dass sich aus der zukünftigen Umnutzung des Geländes viele neue Chancen ergeben für die Südregion und das ganze Land. Es gilt jetzt zu prüfen, inwiefern die freiwerdenden Flächen für Wohnungsbau, Aktivitätszonen und Freizeitangebote genutzt und in den städtischen Raum von Schifflingen und Esch integriert werden können. Verkehrstechnisch bietet es sich besonders an, einen neuen Zugang von Esch nach Schifflingen zu schaffen.
Die Gemeinden müssen an der nun bevorstehenden Ausarbeitung des Entwicklungskonzeptes beteiligt werden. Eine Situation wie mit der Industriebrache in Düdelingen wo viel Zeit verloren ging, weil lange Unklarheit über das Konzept herrschte, muss vermieden werden.
Die CSV Schifflingen wird die Planarbeiten zur Umnutzung des traditionsreichen Industriegeländes genau verfolgen. Es gilt, die großen Zukunftschancen für die Südregion und ihre Bewohner zu nutzen.

Mitgeteilt von der CSV Schifflingen

Siehe auch: Neue Chancen nutzen (Pressemitteilung 2014)